Wou ass dem Kleeschen säi Päerd?

Wou ass dem Kleeschen säi Päerd? V.O.

Réalisé par Mischa Kamp
Durée 90 min
Genre Film pour Enfants
Pays Pays-Bas, Belgique
Sortie 2007
Public EA
Wou ass dem Kleeschen säi Päerd? Wou ass dem Kleeschen säi Päerd?

Les images ainsi qu'une partie ou l'intégralité des textes sont la propriété des studios de films et ou des distributeurs.

Résumé

De Kleeschen ass nees zeréck a Spuenien. Hee kënnt eréischt d'nächst Joer zeréck. An der Tëschenzäit këmmert sech d'Winky ëm säi Päerd Amerigo. Hatt léiert op dem Pony Naf-Naf reiden. D'Tatta Cor an de Monni Siem weisen him alles, wat hatt wësse muss. Si wëssen am beschten, wéi een e Päerd versuerge muss. Dem Winky gefällt et um Naf-Naf ze reiden, mee eppes anescht beschäftegt hatt: hatt géif esou gär um Amerigo reiden! De Monni Siem an d'Tatta Cor loossen hatt awer nach net. Si soen, d'Päerd wär vill ze grouss. D'Winky huet Schwieregkeeten, dat esou z'acceptéieren. Doheem waart eng grouss Iwwerraschung op d'Winky: seng Mamm ass schwanger. Engersäits fënnt d'Winky et flott, dass hatt eng Schwësterchen oder e Bridderche kréie soll, mee op däer anerer Säit mécht et hatt och e bëssen duercherneen. D'Saach gët nach méi komplizéiert, wéi seng Mamm mat héigem Bluttdrock an d'Klinik ageliwwert gët. D'Winky fillt sech eleng gelooss, mee zum Gléck fënnt hatt Trouscht beim Amerigo. Hatt géif esou gär um Amerigo reiden! Enges Daags, wou keen aneren an de Ställ vun der Reitschoul vun der Tatta Cor a vum Monni Siem ass, mécht d'Winky eppes, wat hatt besser net gemaach hätt, mat schreckleche Konsequenzen. D'Amerigo leeft fort. Op sengem Velo rennt d'Winky him no, bis an d'Dünen, mee d'Amerigo ass verschwonn. A wat elo? De Kleeschen ass schonn ënnerwee an Holland.

Lire la suite
Donnez votre avis Donnez votre avis
Retour en haut de la page